Personal Training ass sou individuell wéi s du et selwer och bass.
Däin Kierper, deng Ziler, deng Virgeschicht an däin Alldag stinn am Mëttelpunkt. Et gëtt keng Standardpläng an och keng pauschal Übungen, mee ee geziilten, op dech ofgestëmmten Training, deen sech mat dir weiderentwéckelt.
Op Basis vun enger strukturéierter Analys entsteet e personaliséierten Trainingskonzept, dee Sécherheet, Effikassitéit a laangfristege Fortschrëtt garantéiert. Duerch eng grouss Vielfalt u funktionellen, athleteschen a stabiliséierenden Übunge bleift all Training ofwiesslungsräich, motivéierend an zilgeriicht.
Och am Beräich vun der Rehabilitatioun steet d’Individualitéit am Mëttelpunkt. No enger Verletzung, enger Operatioun oder bei kierperleche Beschwerden ass et wichteg, de Kierper gezielt an no an no erëm un d’Belaaschtung ze gewinnen. Mat enger strukturéierter Analyse an engem progressiven Trainingsopbau ginn déi betraffe Beräicher gezielt gestäerkt, Stabilitéit a Beweeglechkeet verbessert an d’Leeschtungsfäegkeet Schrëtt fir Schrëtt erëm opgebaut. D’Zil ass et, dech sécher zréck an den Alldag, an de Sport an zu enger voller kierperlecher Leeschtungsfäegkeet ze féieren.
Kraaft, Beweeglechkeet, Stabilitéit, Koordinatioun a Leeschtung gräifen dobäi sënnvoll aneneen. All Eenheet ass kloer geplangt, mee gläichzäiteg flexibel genuch, fir sech un deng Dagesform an deng Entwécklung unzepassen.
Personal Training, deen dech net nëmme fuerdert, mee dech och als Mënsch virubréngt.
D’Servicer, déi ech ubidden
- Lo nei fir doheem: Äre Sport an ärem Rhythmus per Videobegleedung
- Fitness-Consulting: Professionell Berodung an Ausaarbechtung vun individuelle Fitnesskonzepter fir Betriiber, Hoteller a Veräiner.
-
Begleedung fir Äert Optimalgewiicht ze erreechen
-
Kraafttraining fir de Muskelopbau
-
Ausdauertraining
-
allgemenge Fitnesszoustand verbesseren oder erhalen
-
Faszientraining an Stretching fir méi Flexibilitéit
-
Laftraining
- op är Bedürfnisser ugepassten Trainingsplang
-
Fitness fir Senioren
-
Functional Training: Verletzungspreventioun duerch Gläichgewiichts- a Kraafttraining
-
Ofwiesslungsräichen Trainingsprogramm (TRX, Kettlebell, Therabänner, asw.)
-
Eng Basis schafen, op där Dir an Zukunft selbstänneg kënnt opbauen
-
héich Flexibilitéit, wat Trainingszäiten a -frequenz ubelaangt
-
Eenzeltraining Yoga
-
Motivatioun duerch Mentaltraining
-
Gruppen-Training (Firmen, Altersheemer, sozial Institutiounen etc – Präis op Ufro)
-
gratist an onverbindlecht éischt Berodungsgespréich
Iwwer
mech
Mäin Numm ass Tom De Bondt an ech sinn 1979 gebuer. Virun 15 Joer hunn ech mat Laafen, Fitnesstraining a Yoga ugefaangen, Disziplinnen, déi zanterhier eng wichteg Roll a mengem Alldag spillen. Dofir hunn ech mech nieft dem prakteschen Training och na vill mam theoreteschen Deel auserneegesat. Dëst Wëssen hunn ech nach zousätzlech duerch e Fernstudium mat Deelpresenz bei der Apollon Akademie verdéift, wou ech eng Ausbildung zum zertifizéierte Fitnesstrainer (A-Lizenz Medical Fitness/Personal Training) gemaach hunn. Am Beräich vum Yoga hun ech eng 200h Yoga Teacher Lizenz. Doniewt hun ech na eng Ausbildung als zertifizéierte Sportrehatrainer, Laftrainer an Sportmentaltrainer ofgeschloss.
Tariffer
Meng Tariffer beinhalte Folgendes
Eenzeltraining (och als Duo méiglech) bei Iech doheem, bei mir doheem (am equipéierte Studio) oder dobaussen
Trainingsplang, deen op Äert Zil ausgeschafft gëtt an op Wonsch och esou erstallt ka ginn, datt Dir eleng kënnt trainéieren
Berodung och baussent den Trainingszäiten
Tarif pro Eenheet:
55 €
ouni Deplacement oder eng Distanz < 10 km
Abonnement 10 Eenheeten:
500 €
60 €
mat Deplacement / Distanz > 10 km
Abonnement 10 Eenheeten:
550 €
Eng Eenheet besteet aus 45 Minutten bis zu 1 ½ Stonn, ofhängeg vun der Trainingsmethod.